
Gutt 3 Méint nom Homejacking zu Eeschwëller bei Wolz goufen zu Paräis zwee Tatverdächteger festgeholl. Déi zwou Persoune goufe schonn u Lëtzebuerg ausgeliwwert. Dat deelt de Lëtzebuerger Parquet op eis Nofro hi mat.
Déi zwee Verdächteg goufe Mëtt leschter Woch op Lëtzebuerg transferéiert. D’Männer vu 34 Joer goufe vum zoustännegen Dikrecher Untersuchungsriichter gehéiert a sëtzen elo an Untersuchungshaft. De 27. Oktober hate sech am Ganzen 3 Männer als Livreur verkleet an hu gemaach wéi wa si Blumme géinge bréngen. Si hunn d’Lëtzebuerger Koppel vun Eeschwëller mat enger Schosswaff an engem Messer menacéiert a wollten 300.000€.
Finalement hu se sech awer mat just 9.000€, enger Auer a Kreditkaarten duerch d’Bascht gemaach. Dat hat e Méindeg d’Zeitung “Le Parisien” geschriwwen. Déi zwee Männer sinn op Basis vun engem internationale Mandat d’arrêt verhaft ginn, seet de Lëtzebuerger Parquet. No enger drëtter Persoun gëtt also nach ëmmer gesicht.