
De Stolproduzent Arcelor-Mittal envisagéiert, fir dausende Aarbechtsplazen aus Europa an Indien ze verlageren. Eng 5.600 Aarbechtsplazen an 20 europäesch Länner wiere concernéiert, dat aus de Beräicher IT, Logistik, oder och Maintenance.
“Ech si net iwwerrascht, mee enttäuscht. Dat wier d’Aart a Weis vun deem Betrib. Sech mat europäesche Gelder viru der Konkurrenz schütze loossen an dann esou Decisiounen huelen, fir dausenden Aarbechtsplazen ofzebauen, oder ze verlageren, fir nach méi Gewënn ze maachen.” Dat sot de Robert Fornieri vum LCGB am RTL-Moiesjournal, deen dës Zuelen och confirméiert huet.
Wat d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ugeet, wier et awer nach net sécher, datt et zu Entloossungen kënnt. Et géif e Sozialdialog ginn an Stol-Tripartite-Accorden, grad géif och e neien ausgeschafft ginn. An do wieren Delokalisatiounen tabu. Well dës wiere kontradiktoresch zu engem Tripartite-Accord, wou jiddereen Efforte géif maachen, och de Staat, dee Reorganisatiounen mat soziale Mesure begleet, awer sécher keng Relokalisatiounen wäert acceptéieren, sou nach de Robert Fornieri vum LCGB.