ULC reagéiert op Aussoe vum Serge AllegrezzaKonsumenteschutz: "Ech klicken näischt méi un" ass am Dossier LuxTrust-Arnaquen keng Léisung

RTL Lëtzebuerg
Wann déi Verantwortlech selwer kee Vertrauen an digital Sécherheet hunn, wéi solle Konsumente sécher online ënnerwee sinn? Dat freet sech d'ULC an sengem Schreiwes.
© Image by kegfire on Envato

D’ULC reagéiert schaarf op d’Ausso vum President vum Verwaltungsrot bei LuxTrust, de Serge Allegrezza, deen an engem Interview sot, hie géif “näischt méi uklicken”, souguer net vu LuxTrust. Fir d’ULC ass dat en alarméierend Signal. Wann déi Verantwortlech selwer mol kee Vertrauen an digital Sécherheet méi hunn, wéi solle Konsumentinnen a Konsumente sécher online ënnerwee sinn?

D’ULC betount, dass Digital Servicer wéi Online‑Banking oder elektronesch Identitéiten fir vill Leit kee Choix méi sinn, mee néideg fir un der Gesellschaft deelzehuelen. A genee dofir dierft Cyberkriminalitéit net zu engem Privatproblem fir de Konsument ginn. Banken a Servicer géifen d’Schold bei Bedruchsfäll ze séier op d’Clienten ofwälzen, mat der Behaaptung vu “Fahrlässegkeet“. Modern Phishing‑Attacke wiere professionell, KI‑gestëtzt a schwéier z’erkennen, et kéint net sinn, datt den eenzege Schutz wier, dass een “näischt méi uklicken“ sollt.

Am Kader vum Safer Internet Day 2026 fuerdert d’ULC eng Sécherheetsarchitektur, déi Konsumentinnen a Konsumente wierklech schützt. Dozou gehéiere méi streng a verflichtend Haftungsreegelen fir Banken a Sécherheetsservicer, sécher a standardiséiert Kommunikatiounskanäl, net baséiert op Links a Mailen, Echtzäit‑Warnungen bei verdächtegen Transaktiounen, d’Méiglechkeet fir séier an einfach Remboursementer bei Bedruch a méi Transparenz iwwer d’Sécherheetsmechanismen bei LuxTrust a bei Banken.

Digital Sécherheet dierf net op Angscht baséieren, mee op Vertrauen, Verantwortung an effikasse Schutzmechanismen. Wann d’Léisung géint Cyberkriminalitéit wier “näischt méi unzeklicken“, da wier d’Digitaliséierung, der ULC no, gescheitert.

Schreiwes vun der ULC als PDF

Back to Top
CIM LOGO