D'Police melltIwwerfall zu Uewerkuer a Kläpperei zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet gëscht zwee Fäll registréiert, an deenen Affer mat Gewalt beklaut goufen.
© Laurent Weber

En Dënschdeg den Owend gouf der Police een Iwwerfall op der Gare zu Uewerkuer gemellt. Éischten Informatiounen no wier d’Affer vun e Puer Persoune menacéiert a geschloe ginn. D’Täter hu sech dunn duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet direkt eng Sich an d’Weeër geleet, ma ouni Resultat. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

En Dënschdeg den Owend koum et dann nach zu enger Kläpperei zu Bouneweg an der Rue de Bonnevoie. Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer a konnt ee vun de Bedeelegte lokaliséieren. Éischten Informatiounen no war et fir d’éischt zu engem verbale Sträit tëscht zwee Männer komm, deen dunn awer ausgeaart ass. Dat spéidert Affer gouf vun e puer Persounen ugegraff a krut säi Rucksak geklaut. Dobäi gouf d’Affer liicht blesséiert an huet fir eng Kontroll missen an d’Spidol. Eng Sich ass ouni Erfolleg bliwwen, ma Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO