
Am Ufank vun der zweeter Hallschent an der Partie tëscht US Cremonese an Inter Mailand huet e Supporter vun de Nerazzurri e Knuppert an Richtung Golkipp vum Cremonese geschoss. Dësen ass direkt nieft dem Emil Audero detonéiert, deen och doropshin huet misse behandelt ginn. No enger Ënnerbriechung konnt de Match weidergespillt ginn.
De Supporter vun Inter Mailand huet bei der Explosioun vun engem weidere Knuppert vereenzelt Fangere verluer a gouf doropshin an d’Klinik bruecht. Wéi déi italieenesch Police e Méindeg annoncéiert huet, gouf de Schëllegen identifizéiert a soll festgeholl ginn, soubal hien aus dem Spidol erauskënnt.
D’Spiller vun Inter Mailand hunn dës Dot an den Interviewen no der Partie schaarf verurteelt a sinn aus Protest net bei hir Supporter applaudéiere gaangen. De Clubpresident Giuseppe Marotta huet no der Partie vun engem “inakzeptabelen Tëschefall” geschwat, deen näischt mat de Wäerter vum Sport ze dinn hätt.
Dem Veräin ronderëm de Kapitän Lautaro Martinez dréit elo souwuel eng Geldstrof vu bis zu 50.000 Euro, wéi och d’Spär vum Fanblock vun hire Supporter.