ArcelorMittal stellt kloerDass dausenden Aarbechtsplazen transferéiert géife ginn, wier net de Fall

RTL Lëtzebuerg
Bei Arcelor-Mittal ginn Ëmstrukturéierungen envisagéiert. Op verschidden Aarbechtsplazen a Polen oder souguer Indien kéinte verlagert ginn. ArcelorMittal stellt elo eng Partie Saache kloer.
© CHRISTOPH REICHWEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

An de Beräicher IT, Logistik, oder och Maintenance sollen dausende Mataarbechter an Indien oder a Polen transferéiert ginn. Och en Drëttel vun de Platzen bei ArcelorMittal Lëtzebuerg, eng ronn 1.100 Persoune, wiere concernéiert. An engem Communiqué preziséiert de Stolproduzent awer elo, dass dës Aarbechtsplazen net a Gefor wieren.

Et wier just d’Gesamt-Zuel vun de Leit, déi an deene Beräicher schaffen, déi elo am Kader vun den Ëmstrukturéierungspläng analyséiert ginn. Et soll sech hei also net ëm e Resultat vun enger Etüd schonn handelen, dës wier eréischt an enger Ufanksphas. Et präziséiert een souguer, dass d’Analys a ville Fäll wuel weise wäerten, dass eng Verlagerung kee Méiwäert hätt. Dëst géif, dat betount ArcelorMittal, och fir de Grand-Duché gëllen. D’Ausso, dass iwwert en Drëttel vun de Plazen a Gefor wieren, wier falsch.

Dës Pläng géifen och aktuell an der Stoltripartite diskutéiert ginn. D’Gewerkschaft LCGB hat am RTL-Moiesjournal op op d’Stool-Tripartite-Accorden verwisen. An an deene wiere Re-Lokalisatiounen tabu.

Schreiwes vun ArcelorMittal

Back to Top
CIM LOGO