Ënnerschrëfte sammelen16 nei Petitioune si vun elo un online

RTL Lëtzebuerg
Theme sinn ënnert anerem d'Unisex-Toiletten, eng Reserve-Companie bei der Arméi oder d'Ierfschaftsrecht
© RTL Grafik

Zanter en Donneschdeg de Moien sinn 16 nei Petitiounen online, déi bis den 18. Mäerz op d’mannst 5.500 Ënnerschrëften musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. D’Fuerderunge vun de Petitionären gi nees vu bis.

E Mëttwoch hate mer Iech jo gemellt, dass ganzer 14 Petitiounsdemanden agereecht goufen, déi géint d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an de Lycéeë sinn. Dat ass e Rekord, wat ee Sujet ugeet. D’Reglement gesäit vir, dass awer ëmmer just eng Petitioun iwwert de selwechte Sujet kann ugeholl ginn, an déi éischt ass do vir, an elo dann och online.

Aner Fuerderunge befaasse sech da mat enger méiglecher Reserve-Companie bei der Arméi, fir déi sech och Auslänner aus NATO-Memberstaate kéinte mellen.
Da gëtt en nationale Referendum gefrot, iwwert en nationale strateegesche Plang wat Semi-Conducteuren ugeet, also Hallef-Leeder, ouni déi hautdesdaags quasi keng Technologie géif funktionéieren. Den Titel vum Psycholog soll da geschützt ginn. Dat automatescht Ierfschaftsrecht fir Kanner soll ewechfalen, oder de Congé fir Famillje-Grënn gestäerkt ginn. Den Detail gëtt et wéi gewinnt op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO