Aarbechtsminister Marc SpautzMat IGSS gi Referenzwäerter fir de Mindestloun gekuckt

François Aulner
De Mindestloun soll ugepasst ginn, ëm wéi vill ass elo déi grouss Fro.
© ChamberTV

Zesumme mat der Generalinspektioun vun der Sécurité sociale soll gekuckt ginn, wat d’Referenzwäerter sinn, un deenen de Mindestloun sech dann orientéiere géing. Dat huet eis den Aarbechtsminister Marc Spautz no enger Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert. Well hie virun Verhandlunge mat de Sozialpartner keng Ziffer oder Montant wollt ginn, waren d’Deputéiert vun der Oppositioun enttäuscht.

Rout-Rout-Gréng haten de Mindestloun op d’Dagesuerdnung setze gelooss. Den EU-Geriichtshaff huet d’EU-Mindestloun-Direktiv nämlech am November esou validéiert, datt de Mindestloun entweder soll 50% vum Duerchschnëttssalaire entspriechen oder 60% vum Median. De “Soll” ass kee “Muss” an et gëtt mam Duerchschnëtt oder mat der Median zwou Optiounen. Deemno gëtt et Handlungsspillraum an iwwert alles dat wëll den Aarbechtsminister mat de Sozialpartner schwätzen. Op wéi eng Referenzwäerter ee sech festleet, géing duerno och bestëmme wéi déi Upassung, déi d’EU-Direktiv freet an d’automatesch Upassung vun der Lounentwécklung, déi all zwee Joer an den 1. Januar d’nächst Joer usteet, zesummespillen.

Beim nächste Rendez-vous de 24. Februar, wou et u sech ëm d’Plattform-Ekonomie geet, wëll de Marc Spautz probéieren, Gewerkschaften a Patronat nees un den Dësch ze kréien. Ass dat net de Fall, géing hie vun engem Sall an deen aneren hin an hier goen, mee ideal wier dat natierlech net. Hien hätt den “Terrain scho sondéiert”, mee huet op d’Ausso vum Nora Back um Schluss vun der Emissioun bei eis e Samschdeg higewisen, wou si sot, et wier nach ze fréi, fir zu 3 un engem Dësch ze sinn.

Eng frëndlech, mee hongereg rout-gréng-rout Oppositioun

D’LSAP huet dem Marc Spautz Hëllef ugebueden, fir d’Gewerkschafte mat un den Dësch ze kréien. Tëscht Rout-Rout-Gréng an dem neien Aarbechtsminister huet ee wärend der Kommissioun an duerno ganz kloer ee méi frëndlechen Ëmgank gesi wéi nach ënner dem viregte Minister Georges Mischo. Trotzdeem waren LSAP, Gréng a Lénk no der Kommissioun enttäuscht: se hätte sech méi kloer Aussoen erwaart, se wieren op hirem Honger sëtze bliwwen. D’LSAP-Deputéiert Mars Di Bartolomeo, Claude Haagen a Georges Engel haten divers Froen: ob d’Mindestrent géing eropgoen, ob de Mindestloun net all zwee, mee all Joer misst ugepasst ginn ewéi wéi de Renten-Reajustement. Och hei huet de Minister sech net festgeluecht.

D’LSAP huet proposéiert, datt de Mindestloun an zwou Phasen ëm 100 Euro an d’Luucht gesat gëtt. Déi Gréng proposéieren och gestaffelt 200 an déi Lénk 300. Déi 3 Oppositiounsparteie si sech bewosst, datt dat ka schwiereg fir Betriber ginn a sinn oppe fir Kompensatiounsmesuren. Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, ass awer géint weider Steierkaddoen a wéilt éischter, datt Loyere fir kleng Betriber zum Beispill gedeckelt ginn. Hien huet betount, datt de Mindestloun an den Nopeschlänner géing klammen a Lëtzebuerg riskéiere géing, net méi attraktiv ze sinn, fir wichteg Main d’oeuvre ze fannen.

Den Aarbechtsminister sot, eng Decisioun iwwert de Mindestloun géing net just vun him geholl ginn, mee vun der ganzer Regierung, dorënner e Wirtschaftsminister an e Finanzminister. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt sech och net op eng Zuel festleeën an huet op d’Diskussioune mat de Sozialpartner verwisen. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet sech gefrot, wat d’Strategie wier, fir d’Gewerkschaften an d’Patronat a béid Positioune beieneen ze kréien an huet dowéinst en Tripartite-Modell virgeschloen.

Kollektivverträg - Kader oder Hors-Kader

D’EU-Mindestloun-Direktiv schreift dann iwweregens och de Staate vir, en Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg auszeschaffen, mam Zil, datt 80% vun de Beschäftegte solle gedeckt sinn. Aktuell läit Lëtzebuerg liicht iwwer 50%. De Marc Spautz sot awer, datt et hei am Land kéint schwiereg ginn op d’Zil vun 80% ze kommen, well et vill Betriber manner ewéi 10 Leit beschäftegen a well et d’"Big Four” sinn, déi vill Leit beschäftegen, ouni datt déi ënnert e Kollektivvertrag falen.

Den Aarbechtsminister sot, hie wéilt am Juni der EU-Kommissioun en Aktiounsplang ënnerbreeden.

Back to Top
CIM LOGO