D’Handwierk ass de Motor vun der Ekonomie. “D’Regierung wäert d’Beruffsausbildung resolut valoriséieren an Handwierksberuffer an hir Formatioune méi attraktiv maachen”, steet am CSV-DP Regierungsprogramm. Vun nächster Rentrée u gëtt et och en neien DAP-Diplom, deen ee kann no der 1ère an engem Joer maachen amplaz 3.
Fir doriwwer ze schwätzen, ass d’Presidentin vu Jonk Handwierk a Vize-Presidentin vun der Handwierkerfederatioun Alexa Ballmann eis Invitée vun der Redaktioun. Mat hir schwätze mir iwwert déi nei och iwwert d’Präis- a Lounentwécklung an déi nei Technologien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.