Zanter Oktober16 Palästinenser aus Gaza hunn ugefrot, sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen

Fanny Kinsch
Zanter Oktober 2023 hu 16 Palästinenser aus der Gazasträif Demarchë gemaach, fir sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen.
© RTL-Archiv

Véier vun hinne kruten eng Openthaltsgeneemegung. Dat deelt den Inneministère op eis Nofro hi mat. Déi véier Persoune kruten hir Openthaltsgeneemegung op Basis vun engem Familljeregruppement.

Am Ganzen hätten néng Persounen esou eng Familljenzesummeféierung ugefrot, véier kruten e Refus an eng Demande gëtt aktuell nach traitéiert. D’Konditioune vum Immigratiounsgesetz wiere bei deene véier Refusen net erfëllt gewiescht, sou de Ministère.

Et hätt ee keng Informatiounen doriwwer, wéi vill vun den Demandeuren d’Gazasträif mëttlerweil verlooss hunn. Donieft hu siwe Persounen, déi an der Gazasträif gebuer sinn, an de leschten 8 Méint internationale Schutz zu Lëtzebuerg ugefrot. Dräi vun hinne krute mëttlerweil e Refus, bei deenen anere géing et nach keng Decisioun ginn. Déi dräi Persounen hätte schonn e Flüchtlingsstatut an engem aneren EU-Land, heescht et.

E Sonndeg hate mir iwwert de Fall vun enger Lëtzebuerger-Palästinensescher Koppel bericht, déi versicht, hir Elteren op Lëtzebuerg ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO