Chômage-Taux stabel bei 5,6%17.596 Leit waren am Abrëll bei der ADEM ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Am Abrëll blouf de Chômage-Taux am Land stabel, mee mat 5,6% op engem héije Niveau. Dëst sinn eng 17.600 Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn.

D’ADEM notéiert, datt dëst eng Hausse vun 15% par rapport zu zejoert ass, wou et eng 2.300 Chômeure manner goufen.

Parallel ginn och d’fräi Plazen erop. Sou goufen et Enn Abrëll ronn 8.000 Plazen, déi bei der ADEM gemellt sinn, an déi kënne besat ginn.

Ënnert den 2.600 Leit, déi sech de leschte Mount beim Aarbechtsamt nei ageschriwwen hunn, sinn och eng 70 Persounen, déi aus der Ukrain geflücht sinn.

PDF: Chômagezuele vum Abrëll 2024

Back to Top
CIM LOGO