Chômage-Taux vu 5,6%17.700 Leit sinn am Moment bei der ADEM ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Logescherweis wunnen déi meescht Leit ouni Schaff an de Kantoner Lëtzebuerg an Esch, wat eleng fir dës 25 Gemengen eng ronn 11.770 Fraen a Männer ausmécht.

Interessant ass et natierlech fir den Chômage -Taux an den eenzele Gemengen ënnert d’Lupp ze huelen, wou fir de Stater Territoire 5,4% u Chômeuren gezielt ginn, wat quasi identesch mat der nationaler Moyenne ass. D’Gemenge mat den héchsten Aarbechtslosen-Tauxen sinn Esch a Wooltz mat 9 an 7,74%.

Déi mannst Chômeure ginn an de Gemengen Hiefenech a Recken un der Mess gezielt, wou et Tauxen vun 1,5 an 2% ginn.

Dës Prezisiounen zur Repartitioun vum Chômage am Land liwwert den Aarbechtsminister Mischo op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Duo Engel a Biancalana.

PDF: Réponse du Ministre du Travail à la question parlementaire N°653 de Monsieur le Député Dan BIANCALANA et de Monsieur le Député Georges ENGEL

Back to Top
CIM LOGO