3 Alkoholkontrollen172 Automobilisten hu misse blosen, 11 mol war den Test positiv, 2 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg waren et 3 Alkoholkontrollen an der Stad, zu Hesper an an der Iechternacher Strooss.

172 Automobilisten hu misse blosen, 11 mol war den Test positiv. 2 Permise goufen op der Plaz agezunn.

Weider Führerschäiner goufen zu Käerjeng, tëscht Kielen a Keespelt an op der Areler Autobunn Richtung Stad agezunn bei Chaufferen, déi duerch Accidenter, geféierlecht Fueren oder héich Vitess opgefall sinn a vun der Police op Alkohol getest goufen.

Back to Top
CIM LOGO