Rentrée parlementaireKlimaschutz a Klima-Upassungen Haaptsujete bei der DP

Michèle Sinner
D’DP huet de Klimaschutz net elo eréischt entdeckt, mee dëse Summer huet gewisen, datt d’Zäit drängt. Dat war d’Ausso vun der Parteipresidentin Carole Hartmann bei der Rentrée parlementaire vun de Liberalen, wou méi laang iwwer Klima an Ëmwelt geschwat gouf, wéi bei der Rentrée vun deene Gréngen.
Rentrée parlementaire vun der DP
Klimaschutz a Klima-Upassungen Haaptsujete bei der DP

Mam Sujet Klima kann een sech och gutt vum Koalitiounspartner demarkéieren. Wärend de Mouveco mam CSV-Premier streit, huet d'DP elo en Aarbechtsgrupp, déi sech net just vum Mouveco, mee och vu Cell oder dem Unisprofessor Florian Hartweck berode léisst.

D’Carole Hartmann dréckt beim Klima op jidde Fall op de Gas. Vum Elektroauto, wuelverstanen.

”Wa mir d'Erwiermung laangfristeg wëlle begrenzen, da musse mir eis Zäregasemissioune konsequent reduzéieren an eis Ofhängegkeet vun de fossillen Energien esou séier wéi méiglech verklengeren. Dat ass net nëmmen eng Fro vum Klima, mee och eng wirtschaftlech an eng strateegesch Fro.”
Carole Hartmann

Klimaschutz a Klima-Upassungen Haaptsujete bei der DP

Niddreg Stroumpräisser wieren dobäi de Schlëssel, mee d’DP wëll och systematesch Bornen a neie Residence an och soss op Parkplazen. Déi Liberal fuerderen och méi dicht an héich ze bauen, fir manner Buedem ze versigelen. Dat huet hinnen de Florian Hartweck erkläert. Grad ewéi, datt et ouni Beem an de Stied an Dierfer kee Schied gëtt. Do wëll d’DP Efforte gesinn.

"No engem Summer wéi deem, dee mer hannert eis hunn. wëlle mir och ustousse wéi dës finanziell Ënnerstëtzunge fir d'Gemenge méi breet an och méi dauerhaft agesat kënne ginn, fir nach méi Begréngung an eise Stied an Dierfer ze erméiglechen.”
Carole Hartmann

Mee mat der grousser Hëtzt an der Drëschent gëtt och d’Waasser knapps, esou de Luc Emering.

"Mir mussen an Zukunft all Drëps an all Liter Waasser respektéieren a spueren, wou et geet."
Luc Emering

Den DP-Deputéierten, vu Beruff Bauer, drängt op bessere Quelleschutz, wëll den Asaz vu Pestiziden an den Anzuchsgebidder erofzesetzen, fir datt alleguerten d’Quellen am Land kënne genotzt ginn. Fir d’Biodiversitéit ze verbesseren, misst d’Biolandwirtschaft gefërdert ginn. Ma déi bräicht e Marché fir hir Produiten. D’DP huet déi staatlech Restauratioun am Bléck.

“Nieft de Schoulkantinnen hu mer och aner Ofsatzméiglechkeeten. An do denke mer un d'Klinicken, wou ganz vill Potenzial ass a wou mer eiser Meenung muss elo eng Schëpp bäigeluecht ginn, wa mer wëlle méi Biodiversitéit am oppe Land hei zu Lëtzebuerg kreéieren.”
Luc Emering

Bleift ze kucken, wéi vill vun hire Fuerderungen d’DP beim Koalitiounspartner duerch kritt.

Back to Top
CIM LOGO