Rating Agence S&P GlobalDen Triple A fir Lëtzebuerg gouf confirméiert

RTL Lëtzebuerg
D'Wirtschaftsprognose fir de Grand-Duché wier gutt, dat ënnert anerem wéinst enger robuster nationaler Consommatioun.
© RTL Archiv

D’Rating Agence S&P Global huet den Triple A fir Lëtzebuerg confirméiert: Wéi de Finanzministère an engem Communiqué schreift, géif dëse Rating d’Stabilitéit vun de Lëtzebuerger Finanzen erëm spigelen, an dat trotz méi héijen Depensen an de Beräicher vun der Verdeedegung oder och dem Sozialstaat. D’Wirtschaftsprognose fir de Grand-Duché wier och gutt, dat ënnert anerem wéinst enger robuster nationaler Consommatioun.

S&P Global Ratings ënnersträicht dann nach, datt Lëtzebuerg weiderhin fir Investisseuren attraktiv bleift: Déi stabil politesch Lag an de kompetitive Finanz-Secteur géifen dozou bäidroen.

S&P Global Ratings confirme la notation «AAA» du Luxembourg avec perspectives stables (30.01.2026)

Back to Top
CIM LOGO