
Zu Beetebuerg goufen d’Automobilisten tëscht 22 an 23.15 Auer an der Route de Mondorf kontrolléiert an zu Fréiseng an der Rue Robert Schuman tëscht Hallefnuecht an 1.15 Auer.
176 Automobiliste goufe kontrolléiert, a fënnef Fäll war den Alkoholtest positiv. D’Police preziséiert awer, datt kee Permis agezu gouf.