Statec18 Prozent manner Immobilie-Kreditter mat Taux fixe, Nofro geet zeréck

RTL Lëtzebuerg
Europa an och Lëtzebuerg musse sech op eng schwiereg zweet Hallschent vum Joer astellen. Dat schreift de Statec am neie "Conjoncture Flash".
© MYCHELE DANIAU / AFP

D’Wuesstems-Zuele fir dat zweet Trimester fir Lëtzebuerg sinn zwar nach net do, ma de Finanz-Secteur huet sech bannent där Period schwéier gedoen, wéinst den Degradatiounen op de Bourssen. Besser gesäit et fir déi net-finanziell Zerwisser aus, och wann d’Inflatioun natierlech op d’Portmonnien dréckt. Mat Bléck op dat drëtt Trimester sinn d’Aussiichte fir déi industriell Produktioun awer weider wéineg dynamesch. Well d’Bourssen zënter Enn Juli no uewe weisen, gëtt et minimalen Optimismus am Finanzberäich.

Wat zu Lëtzebuerg aktuell opfält ass, datt am zweeten Trimester 18 Prozent manner Immobiliëkreditter mat Taux fixe accordéiert goufen. D’Kontrakter mat variabelem Zënssaz sinn dogéint ëm 5,4 Prozent eropgaangen. Allgemeng geet d’Demande no Immobilie-Kreditter erof.

Gutt Noriichte kommen aus dem Horeca-Beräich. De Secteur kuckt am Joer 2022 op eng remarkabel Reprise no der Covid-Kris zeréck. Beim Emploi ass een och bal um Niveau vu virun der Kris.

A punkto Inflatioun geet de Statec vu 6,6 Prozent fir dëst Joer aus a vu 5,4 Prozent fir d’nächst Joer. Et bleift dobäi, datt eng weider Indextranche um Enn vum Joer géing erfalen.

De Statec rechent fir 2022 weiderhi mat 2 Prozent Wuesstem. Fir dat anert Joer gi 4 Prozent viraus gesot.

De ganze “Conjoncture Flash Août 2022" vum Statec kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO