Vill Affer maache keng Plainte182 registréiert Vergewaltegungen zu Lëtzebuerg am Joer 2024

RTL Lëtzebuerg
An enger parlamentarescher Fro hunn d'Piraten Detailer zu de Virgäng vun der Justiz bei Vergewaltegungen an Déidunge souwéi Zuelen dozou gefrot.
© Affaires nationales, JUCHA, Extraction 17.1.2025

Dem Inneministère an dem Justizministère no wieren de Parqueten aus der Stad a vun Dikrech deemno eleng 2024 op d’mannst 182 Fäll vu Vergewaltegunge gemellt ginn. An de leschte fënnef Joer waren et zesummegerechent souguer ganzer 816 Fäll.

© Affaires nationales, JUCHA, Extraction 17.1.2025

D’Ministere Margue, Backes a Gloden preziséieren an hirer Äntwert awer och, datt nach ëmmer vill Affer sech net géingen trauen, eng Plainte ze maachen an d’Donkelziffer doduerch nach méi grouss wier. An de leschte Joren hätt een awer scho vill Sensibiliséierungsaarbecht gemaach, fir “d’Tabuen ze briechen an d’Zuel vun de juristeschen Affären z’erhéijen”.

Wat Déidungsmëttel wéi K.O.-Drëpse géing ugoen, hätt een a kengen Affäre kéinten de Gebrauch vu K.O.-Drëpsen noweisen. Dat aus verschidde Grënn wéi zum Beispill engem Blackout wéinst ze vill Alkohol oder well den Iwwergrëff ze spéit gemellt gëtt an d’Mëttel net méi kënnen nogewise ginn. Am Ganzen hunn den Zuele vun der Justice Chaine Pénale (JUCHA) no 32 Leit an de leschte fënnef Joer Plainte gemaach, well hinnen “eppes onbewosst an hiert Gedrénks geschott gouf”.

© Affaires nationales, JUCHA, Extraction 17.1.2025

Wann Dir vertraulech mat der RTL-Redaktioun wëllt Kontakt ophuelen, kënnt Dir e Mail un dossier@rtl.lu maachen.

Back to Top
CIM LOGO