
Spéider, tëscht 2 an 3.30 Auer, huet d’Police dann och nach emol eng Kontroll zu Keel an der Näerzenger Strooss gemaach.
Am Ganze goufen 330 Chaufferen och ouni Indice op Alkoholkonsum ugehalen. An 19 Fäll war den Test positiv, siwe Chauffere kruten en Avertissement taxé, déi 12 aner musse mat juristesche Suitte rechnen. Siwe kruten de Permis nach sur place ewechgeholl.
Da mellt d’Police nach, dass eng Patrull e Samschdeg de Moie géint 6.30 Auer e presuméierten Drogendealer an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier gestallt huet.
Hie war opfälleg ginn, well hie beim Ubléck vun de Beamten zwou kleng Plastiksbullen op de Buedem fale gelooss huet. Bei der spéiderer Fouille konnte fënnef weider Drogebulle séchergestallt ginn. De Parquet gouf informéiert, deen eng Ënnersichung duerch e Scanner ugefuerdert huet an deen och positiv verlaf ass. De Mann gouf festgeholl a koum nach den Dag selwer virun den Untersuchungsriichter.