CGDIS2 Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident an der Nuecht op e Méindeg, kuerz no 1.30 Auer, an der Schlammesteener Strooss zu Weiler.

En Automobilist war hei an e geparkte Gefier gerannt a gouf dobäi blesséiert. D’Secouriste vu Weiler a Réiser an aus der Stad, grad wéi och de Samu-Noutdokter waren op der Plaz. Detailer feelen nach.

Géint 20 Auer e Sonndeg den Owend gouf et zu Munneref an der Avenue Francois Clement och nach eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO