
D'UN-Organisatioun ass fir Millioune palestinensesch Flüchtlingen zoustänneg, steet awer zënter Méint ënner staarkem Drock. Lëtzebuerg wëllt d'UNRWA trotzdeem weider ënnerstëtzen.
D'UNRWA versuergt Millioune palestinensesch Flüchtlinge mat Liewensmëttel, Medikamenter, Schoul- a Gesondheetsservicer. No Reprochen, datt eenzel Mataarbechter um Hamas-Ugrëff vum 7. Oktober bedeelegt gewiescht solle sinn, ass d'Organisatioun staark ënner Drock geroden.
Eng onofhängeg Enquête ënnert der Leedung vun der fréierer franséischer Ausseministesch Catherine Colonna huet duerno d'Neutralitéit an d'Kontrollmechanisme vun der UNRWA iwwerpréift a Recommandatioune fir Verbesserunge gemaach. E groussen Deel dovu wier mëttlerweil ëmgesat. Fir den Ausseminister Xavier Bettel bleift d'UNRWA trotzdeem en onverzichtbare Partner.
"Fir eis gëtt et den Ament keng Alternativ. Wann et eppes géif ginn, wat muer kéint d'Leit ernieren, d'Educatioun an d'Santé maachen, da kéint een iwwer eng Alternativ diskutéieren. Mee et gëtt se net. Bei 30.000 Mataarbechter waren och e puer dobäi, déi net gutt waren. Do hunn si misste botzen a si botzen och nach weider kann iech just soen, dass de Rapport Colonna zu 80% ëmgesat ginn ass. Dat war eng Prioritéit fir eis. An ech sinn och frou, dass dat weider an déi Richtung geet."
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'UNRWA am Kader vun enger strategescher Partnerschaft bis 2027 mat 30 Milliounen Euro. Fir de Xavier Bettel ass dës Hëllef néideg, well vill Mënschen am Gazasträif op déi international Ënnerstëtzung ugewise sinn: "Soulaang d'UNRWA gebraucht gëtt a keng Alternativ do ass, si mir bereet weider ze hëllefen. Mir hunn eise Montant, e läit bei 10 Milliounen, mir hu bei deene 7,5 nach 3 Milliounen dropgesat, eebe wéinst der Situatioun. Dir musst wëssen, dass déi Leit näischt, näischt, näischt hunn. Dass och Zelter gebraucht gëtt, Iessen, Medikamenter etc."
Well verschidde Länner, virop d'USA hir finanziell Ënnerstëtzung reduzéiert hunn a wéinst strenge Restriktioune säitens Israel, steet d'UNRWA trotz de Reforme, weider viru groussen Erausfuerderungen.