Alkohol um Steier2 Automobiliste sinn alkoholiséiert mam Auto gefuer, 1 Permis gouf agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet zweemol missten intervenéieren, well jeeweils een Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt hat.
© Police Lëtzebuerg

An der Nuecht op e Mëttwoch géint 1 Auer gouf zu Péiteng an der Rue d'Athus en Automobilist opgrond vu senger onsécherer Fuerweis ugehalen. Den Alkoholtest war positiv, de Chauffer gouf protokolléiert.

Net grad eng Stonn méi spéit gouf eng Police-Patrull zu Esch op e Won opmierksam, dee matten op der Rue d'Audun stoung. Bei der Kontroll gouf e gréisseren Alkoholafloss festgestallt. De Permis war op der Plaz fort.

Back to Top
CIM LOGO