
E Mëttwoch Nomëtteg gouf der Police géint 16:30 Auer eng verdächteg Persoun op engem Privatgrondstéck um Boulevard de Verdun um Belair gemellt. Wéi et heescht, soll e Mann versicht hunn, e puer Fënsteren am Haus mat Gewalt opzemaachen. Dono ass hien dunn iwwert e Balcon an duerch d'Futtischloe vun enger Fënster an d'Gebai erakomm. Do huet hien dunn e puer Raim duerchsicht an huet eng Partie Saachen an eng Posch gestach, déi och am Haus louch.
Wärend deem d'Beamten op der Plaz Spueren an Opname vun der Iwwerwaachungskamera iwwerpréift hunn, goufen dës op e Geräich an der Géigend vum Haus opmierksam. Bei der viischter Säit vum Haus ass e Mann vun engem Balcon erofgesprongen an ass quasi virun d'Féiss vun de Beamten ukomm. Den Abriecher gouf, nodeems e sech gewiert huet, vun der Police immobiliséiert.
Beim Duerchsiche vum Verdächtege goufe Boergeld a verschidde Bijoue fonnt a séchergestallt. D'Objeten, déi geklaut goufen, konnten der Proprietärin nees zeréck gi ginn. De Verdächtege gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.