CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Mëttwoch am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
D'Secouriste vum CGDIS goufen um Mëttwoch am Nomëtteg op 2 Plazen uechter d'Land geruff.

An der Rue Dr Emile Colling gouf zu Esch um 12.47 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Si gouf derbäi blesséiert.

Um 13.42 Auer war et een Accident mat engem Auto tëscht Biissen a Pëtten, woubäi eng Persoun verwonnt ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO