
Deen een Accident war e Samschdeg géint 20.20 Auer tëscht dem Donkelsser Potto an der Schleef. Wéi d’Police matdeelt, huet den Auto sech no der Kollisioun mam Bam e puer mol iwwerschloen. De Chauffer vum Auto gouf nach op der Plaz behandelt a koum duerno an d’Spidol. Den Alkoholtest war positiv.
Um 3.30 Auer um Sonndeg huet et zu Näerzeng an der Schëfflenger Strooss gerabbelt. En Automobilist hat hei e Kazenaen mat ewech geholl an ass duerno an zwee Beem gerannt. Béid Persounen am Auto goufe liicht verwonnt, ma den Auto wier komplett zerstéiert, heescht et am Schreiwes vun der Police, déi dann och nach präziséiert, dass hei keen Alkohol oder Drogen am Spill waren.
Och kuerz no 18 Auer e Samschdeg war en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt, dat tëscht Kruuchten a Schrondweiler. Hei blouf et beim Materialschued.
Genausou wéi bei engem Accident zu Esch beim Rond-point Raemerich, wou en Auto an e Luuchtepotto gerannt war, dëst e Sonndeg um 3.36 Auer. Virdrun ass de Chauffer awer mol queesch iwwert de Rond-point gefuer. Eng Erklärung dofir kéint den Alkoholpeegel gewiescht sinn, deen ze héich war. Dofir krut de Chauffer dann och de Fürerschäin ofgeholl.