Op eise Stroossen2 Blesséierter bei Kollisioun tëscht dem Bricherhaff a Kanech

RTL Lëtzebuerg
Nieft de villen Asätz wéinst Héichwaasser waren d'Rettungsekippe vum 112 zwee Mol wéinst Accidenter geruff ginn, souwéi zwee Mol wéinst méi klenge Bränn.
© RTL

Um CR147 tëscht dem Bricherhaff a Kanech ware kuerz viru 17.30 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad, vu Réimech a vu Kanech versuergt.

E puer Minutte méi spéit waren d’Rettungsekippe vum SaDiff, Péiteng a Monnerech op Déifferdeng an d’Rue Emile Mark geruff ginn. Hei hat eng Maschinn Feier gefaangen. Et koum awer keng Persoun zu Schued.

D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Mamer waren da géint 21.26 Auer op der N34 tëscht dem Rond-point Bourmicht an dem Bartrenger Rond-point am Asaz, well en Automobilist mat sengem Gefier an e Verkéiersschëld gerannt ass.

Um Schlammestee a Richtung Alzeng hat et kuerz virun 23 Auer an engem Auto gebrannt. Och hei waren d’Ambulancieren aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Weiler zum Tuer op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO