
Géint 6 Auer moies gouf et an der Rue Jean-Pierre Thill zu Ettelbréck en Accident tëschent engem Auto an engem Vëlo, bei deem de Cyclist liicht verletzt ginn ass a wouropshin d'Automobilistin geflücht ass. D'Police konnt si zu Schieren unhalen an si huet missen an d'Spidol fir eng Bluttprouf, nodeems en Drogeschnelltest positiv war. Eng Iwwerpréiwung huet erginn, dass d'Fra kee gültege Permis hat. Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier saiséiert an et gouf eng Plainte gemaach.
Op der N16 zu Munneref war kuerz no Hallefnuecht e Gefier mat engem futtisse Pneu am Verkéier gemellt ginn. De Won war iwwer e Rond-point gesteiert ginn an ass dobäi géint den Trottoir gestouss. Am Virfeld war et ënner anerem scho bal zu engem Accident komm, andeems de Mann engem anere Chauffeur d'Virfaart geholl huet. De Mann ass onverletzt bliwwen, ma e war alkoholiséiert a krut de Permis wéinst sengem ze héijen Alkoholwäert ewechgeholl.
Eng aner Chauffesch ass géint 23.45 Auer mat hirem beschiedegten Auto an der Rue du Cimetière zu Angelduerf vun enger Police-Patrull ugehale ginn. D'Gefier war vir un der rietser Achs futti an et war net méi méiglech, domat ze fueren. No dem positiven Alkoholtest, bei deem den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt gouf, krut d'Chauffesch hire Permis ofgeholl an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Bei der Place de l'Hôtel de Ville zu Esch/Uelzecht koum et um Méindeg den Owend géint 18 Auer an engem ënnerierdesche Parkhaus zu engem Zesummestouss tëschent 2 Gefierer, bei deem awer just materielle Schued entstanen ass. Nom positiven Alkoholtest vun engem vun den 2 Fuerer krut de Mann säi Permis ewechgeholl.
Géint 4.30 an der Nuecht koum et an der Rue d'Epernay an der Stad zu engem weideren Tëschefall, bei deem en alkoholiséierte Chauffeur net a Besëtz vun engem gültege Permis war. Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier saiséiert an et gouf eng Plainte géint de Mann gemaach.