Schëffleng a Lampertsbierg2 Chaufferen haten ze vill gedronk a kruten hire Permis ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend ass an der Rue du Moulin zu Schëffleng een Auto an e Bam gerannt. De Chauffer koum fir d'Kontroll an d'Spidol.

Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.

An der Nuecht op en Donneschdeg um 3.10 Auer ass enger Policepatrull an der Avenue de la Porte-Neuve Richtung Lampertsbierg ee Won wéinst senger onsécherer Manéier ze fueren, opgefall. D’Fra um Steier gouf ugehalen. Den Alkoholtest war och hei positiv an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO