
De Keefer hat effektiv eng Plastiksbull derbäi. Och den Dealer gouf vun de Beamte matgeholl. Hien hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
D’Police huet géint 14.30 Auer op der Stater Gare eng Drogekontroll gemaach, 2 Leit goufe kontrolléiert. De Chauffer hat keng Droge bei sech, ma den Drogentest war positiv. Den Dealer huet och verdächteg Schléckbeweegunge gemaach. Am Spidol goufe Friemkierper a sengem Kierper fonnt. Och hie koum bei den Untersuchungsriichter.
Da gouf et an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg eng gréisser ugeluechte Kontroll an den ëffentleche Verkéiersmëttel. Bei aacht Persounen hat den Drogenhond ugeschloen, si all goufe verwarnt respektiv protokolléiert. An engem Zuch tëscht Beetebuerg a Rodange konnt e Mupp e Mann lokaliséieren, dee 37 Tute Cannabis bei sech hat. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.