D’Fro, déi ee sech bei dëser Petitioun stellt, déi iwwregens grousse Succès mat engen 13.600 Ënnerschrëften (Stand den 29. Juli) fonnt huet, ass, wéi realistesch ass et, datt jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft, e Recht op zwee Deeg Homeoffice soll kréien.
An do muss een direkt e groussen Ënnerscheet maachen. Fir Lëtzebuerger Residentë wier dëst u sech einfach ëmzesetzen, fir déi Beruffer, wou dat natierlech méiglech ass... do muss just de politesche Wëllen do sinn. Ma bei Frontalieren dogéint, déi ëmmerhin 46 Prozent vum Aarbechtsmaart ausmaachen, gëtt dat extreem komplizéiert, dat wéinst de Steieren an der Sécurité sociale.
Bei de Steieren gëtt et aktuell en Accord mat den Nopeschlänner. Esou kënnen d’Leit, déi an der Belsch liewen, am Moment 24 Deeg Homeoffice maachen, ouni datt si dës an hirem Land musse versteieren. Dës Zuel soll awer nach op 34 eropgoen. Bei de Frontalieren aus Däitschland sinn et 19 Deeg, bei deenen aus Frankräich 29. Hei dierf den Employé awer d’Limitten depasséieren, an deem Fall muss hien awer zwou Steiererklärunge maachen: eng zu Lëtzebuerg an eng am Land an deem e wunnt.
Um Level vun der Securité sociale ass et dogéint méi komplizéiert an et ass an enger EU-Veruerdnung vun 2004 gereegelt. U sech ass all Mënsch an deem Land sozialverséchert, wou hie schafft. Virausgesat, et schafft een net méi wéi 25 Prozent vun der Schaffzäit an engem anere Land. Sollt dat de Fall sinn, muss een d’Sécurité sociale a sengem Wunnland bezuelen, wat mat engem héijen administrativen Opwand verbonnen ass an zousätzlech Käschte fir de Patron bedeit. Déi 25-Prozent-Limitt gëtt et op EU-Level, fir de Sozialdumping ze evitéieren. Esou wäert et wuel net méiglech sinn, datt e Frontalier méi wéi 55 Deeg bei enger Vollzäit-Aarbechtsplaz kann am Homeoffice schaffen.
Fazit: Den Teletravail gouf wärend der Pandemie fir vill Leit attraktiv an esou ass de Wonsch och do, fir méi dacks vun doheem aus schaffen ze kënnen. Ma de legale Kader, an och déi auslännesch Administratioune stinn esou engem Ausbau am Wee, well jo och eis Nopeschlänner mat deene festgesate Limitte probéieren, fir d’Steieren an déi eege Keess ze kréien.