
E Chalet, an deem zanter Jore Kanneraktivitéiten am Bësch organiséiert ginn, gouf “muttwëlleg zerstéiert”. Am Ganze wier 2 Mol e Feier ugefaange ginn, wéi et vun der Gemeng Käerjeng heescht. Eemol de 7. Juni géint 17.30 Auer a fir d’zweet de 25. Juni géint 14.15 Auer.
Dat Ganzt ass um Schack geschitt, an engem Bësch hanner dem Waasserbaseng tëscht Kënzeg an Uewerkäerjeng.

Jiddereen, deen eppes gesinn huet, soll sech bei der Käerjenger Gemeng mellen. Entweder per E-Mail op info@kaerjeng.lu oder op der Nummer 500 552 320.