Esprit-Geschäfter zu Lëtzebuerg20 Leit riskéieren hir Schaff ze verléieren, esou den OGBL

RTL Lëtzebuerg
Informatiounen vum OGBL no riskéieren 20 Leit vun de Geschäfter an der Stad an dem Buttek vun der Arelerstrooss hir Aarbecht ze verléieren.
© Jérôme Reischel / RTL

D’Moude-Franchise “Esprit” mécht alleguer seng Geschäfter an Däitschland zou, dovunner betraff sinn 1.300 Mataarbechter. De brittesche Finanzinvestisseur Alteri iwwerhëlt nëmmen d’Markerechter fir dat europäescht Geschäft vun der Entreprise, dat säi Sëtz u sech zu Düsseldorf huet.

Déi siwen däitsch Esprit-Gesellschaften, déi alleguerten d’Insolvenz ugefrot hunn, hate sech fir d’Offer vun Alteri ausgeschwat. Iwwer de Kafpräis goufe keng Informatiounen erausginn.

Baussent Europa sollen d’Geschäfter weidergefouert ginn, global ass d’Mark jo a 40 Länner vertrueden. Schonn am Joer 2020 haten am Kader vu Corona ronn 50 Filialen zougemaach, 1.100 Mataarbechter haten hir Plaz du scho verluer.

Och d’Esprit-Geschäft hei am Grand-Duché ass betraff

Zu Lëtzebuerg hu véier vun de siwen Esprit-Butteker, déi et bis zulescht nach gouf, an de leschte Wochen hir Diere wéinst der Faillitte vun Esprit Europe GmbH zougemaach.

Betraff sinn d’Esprit-Geschäfter an der Uewerstad an op der Stater Gare, déi de 27. Juli zougaange sinn. Och de Buttek am Shoppingzenter zu Wäiswampech huet zougemaach. Am Nomëtteg krute mir säitens dem Shoppingzenter an der Areler Strooss matgedeelt, dass dësen zwar och zou wier am Moment, ma net faillite wier. Déi nächst Woch soll d’Geschäft seng Dieren awer nees opmaachen.

Déi aner dräi Geschäfter (Miersch, Belval a Pommerlach) hunn als Franchise fonctionéiert a fuere fir den Ament lo mol nach mat anere Marke weider. Déi betraffe Mataarbechter vun dësen dräi Geschäfter konnten deemno och mat iwwerholl ginn.

Esprit hätt elo schonn zanter dem Fréijoer keng nei Wuer méi geliwwert, krute mer vun engem concernéierte Patron gesot. D’Mark hätt den Exploitanten och am Mee/Juni scho matgedeelt, datt keng Kleeder fir déi nei Saison géife produzéiert ginn.

Informatiounen vum OGBL no riskéieren 20 Leit vun de Geschäfter an der Stad an dem Buttek vun der Arelerstrooss hir Aarbecht ze verléieren. Vill vun hinne wiere fir den Ablack am Congé an et wiere fir den Ament och nach keng Detailer gewosst. Och beim Onofhängege Gewerkschaftsbond waarde se op zousätzlech Informatiounen.

© Jérôme Reischel / RTL

Back to Top
CIM LOGO