
Déi meescht Sue goufe mat knapp 20 Milliounen Euro am Laos a Projete gestach, mee och a Burkina Faso, an de Senegal, an de Mali an an den Niger sinn Dosende Milliounen Euro gefloss. Nom Militärcoup am Niger goufen iwwerdeem d’LuxDev-Projeten an dësem Sahel-Land gestoppt an d’expatriéiert Mataarbechter an hir Familljen evakuéiert.
Fir LuxDev schaffen eng 550 Leit, dat opgedeelt op de Siège an der Stad an an zéng Länner-Büroen. D’Secteuren, an deenen d’Kooperatioun vu LuxDev geschitt, deckt eng ganz Panoplie of, déi vun der Educatioun, den neien Technologien, der Landwirtschaft, der inklusiver Finanz, bis hin zur Gouvernance an dem Accès zu Santésservicer geet.
Esou goufen eleng an d’Educatiounsprojeten eng 48 Milliounen investéiert. Déi meescht vun dëse Sue goufen am Burkina, am Benin an um Cap Vert debourséiert. Direkter vu LuxDev ass de Manuel Tonnar, iwwerdeem de Verwaltungsrot vum Nima Ahmadzadeh presidéiert gëtt.