
De presuméierten Täter vun 20 Joer, deen am Ausland wunnt, gouf am Kader vun Ermëttlungen an Däitschland fonnt an dunn opgrond vun engem europäeschen Haftbefeel u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn. De Mann koum och scho virun den Untersuchungsriichter.
Et gëllt, wéi an all Fall, d’Présomption d’innocence.
An de leschte Stonne krut d’Police e puer Abréch gemellt, zum Beispill en Donneschdeg um fréien Owend an der Rue Eugene Welter um Houwald. Do huet e Brigang d’Banneraim vun engem Eefamilljenhaus duerchwullt an en Handy matgoe gelooss.
Ee weideren Abroch gouf et méi spéit nach an en Eefamilljenhaus an der Clos du Berger zu Angelduerf. Och do huet den Täter sech Zougang verschaaft a konnt Bijoue souwéi Boergeld klauen ier e geflücht ass.
A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.