Schlecht Joer um Aarbechtsmaart2023 hu 15% méi Leit eng Plaz gesicht, bei 36% manner Offeren

RTL Lëtzebuerg
Wat den Trend fir 2024 ugeet, do erkennt d’ADEM bis elo keng reell Verbesserung. 
2023 hu 15% méi Leit eng Plaz gesicht, bei 36% manner Offeren
Wat den Trend fir 2024 ugeet, do erkennt d’ADEM bis elo keng reell Verbesserung.

Et war e schwieregt Joer um Aarbechtsmaart, well d’Ekonomie méi lues gedréit huet an dat en Impakt op den Emploi hat. Dat weisen déi nei Zuele vun der ADEM fir 2023: D’Zuel vun de Leit, déi eng Plaz sichen, ass ëm 15 Prozent eropgaangen, ma bei den Offere war et e Minus vu 36 Prozent. Trotz méi Demande a manner Offer ginn et awer eng ganz Rëtsch Plazen, op déi kee vun den ageschriwwene Kandidate passt, besonnesch an der Informatik, am Finanzsecteur an am edukative Beräich.

D’Grënn dofir sinn ënnerschiddlech: Et gi ganz spezifesch Kompetenze gesicht, de gefuerderte Sproochenniveau ass ze héich oder d’Entreprisë sichen e Kandidat mat vill Erfarung. Och wann d’ADEM vill a Formatiounen investéiert a mëttlerweil och gratis Lizenze fir d’Léierplattform “Babbel” erausgëtt, kann een esou déi Plazen net ëmmer mat ageschriwwenen Demandeure besetzen. Duerch en neit Gesetz wier et awer elo méi einfach, fir Leit aus Drëttstaaten hei ze schaffen. Domat kéimen net méi Leit an d’Land, mee déi Prozedur wier einfach méi séier.

ADEM presentéiert d’Zuele vun 2023 / Reportage Anne Wolff

Back to Top
CIM LOGO