
Den Awunnerstaat vun enger Millioun Leit ass eng Erausfuerderung fir Politik a Sozialpartner. Bei der Gesondheetskeess CNS ass dee Chiffer bei de Leit déi " en charge” geholl goufen, scho bal erreecht. Et waren zejoert knapp 954.000 Assuréen. E Plus vun 2% an engem Joer.
342.000 Assuréë sinn net Resident am Land, also haaptsächlech Leit aus der Groussregioun, déi an d’Land schaffe kommen an deemno och hei cotiséieren an assuréiert sinn.
Um Enn vum leschte Joer stoung ee Plus vu 100 Milliounen Euro an de Bicher. Domadder klammen d’Reserven op 960 Milliounen, wat 23% vun de järlechen Depensen entsprécht. Ee Resultat, bedéngt ënnert anerem duerch ee Plus bei de Recette wéinst den 3 Indextranchen am Joer 2023. Mëttelfristeg dierft et wéi d’Jore virdrun éischter an déi aner Richtung goen.
Bei der CNS schaffen iwwer 500 Leit.De Site cns.lu gouf wäit iwwer 8 Millioune mol ugeklickt. Den Undrang an den Agencë war zejoert mat iwwer 255.000 Leit ëm bal 50% geklommen. Iwwer 200.000 Mol kruten d’Assuréen do Geld mat engem Scheck op der Plaz rembourséiert, oder et gouf direkt iwwerwisen. De Remboursement louch am Schnëtt bei eppes iwwer 300 Euro.
Zejoert si bal 950.000 Krankeschäiner un d’CNS geschéckt ginn. D’Joer virdrun waren et der méi wéi eng Millioun.
D’Gesondheetskeess huet iwwer 770.000 Deeg Spidolsopenthalt traitéiert.
370.000 Demanden koumen eran fir d’Prise en Charge vu Rendezvouse beim Kiné.
2023 sinn 280nei Fäll vu Bedruch oder Abus an Héicht vun am ganze 4 Milliounen Euro u Schued opgedeckt ginn. Am Viséier waren ënnert anerem gefälschte Krankeschäiner, d’Facturatioun bei Kinéen an d’Verrechne vu Röntgen bei Zänndokteren. 24 Fäll waren schro genuch fir se un de Parquet weider ze ginn.
Ronn 15.000 Leit hu vun der Fleegeversécherung profitéiert. 65% vun de Leit bei sech doheem. D’Assurance-Dépendance cloturéiert d’Joer 2023 mat 80 Milliounen am Plus.
An Zukunft wëll d’Gesondheetskeess, grad wéi vill aner Administratiounen verstäerkt op d’Digitalisatioun setzen.
D’CNS mécht sech och staark, fir eng besser präventiv Medezin.
Ee vun den Highlighten war d’Plënneren an den neie Siège an der Cité vun de Sécurité sociale bei der Kräizung Stater Gare mat der Hollerescher Strooss.