Verstäerkt Kontrolle geplangt2023 sinn 3 Persoune gestuerwen, well si net ugestréckt waren

RTL Lëtzebuerg
D’nächst Woch gëtt verstäerkt vun der Police de Sécherheetsgurt kontrolléiert.

Net ugestréckt sinn, ass e grousse Risk bei engem Accident. Och bei kuerzen Trajete muss een d’Ceinture am Auto undoen.

2023 sinn hei am Land 3 Persoune bei Verkéiersaccidenter gestuerwen, déi net ugestréckt waren. 11 goufen der schwéier blesséiert.

E Schock mat 50 Kilometer an der Stonn ouni Ceinture entsprécht enger Chute aus engem 3. Stack. Och d’Kanner mussen ëmmer richteg ugestréckt ginn. Scho bei engem Accident mat 30 Kilometer an der Stonn kënne si soss no vir an den Auto geschleidert ginn, heescht et vun der Police.

Méi Informatiounen zu der Campagne vun der Police fannt Dir op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO