Quartiere Brill an Al EschMënscherechtskommissioun gesäit Installatioun vun zousätzleche Kamerae kritesch

Sascha Georges
Andy Brücker
D'CCDH fuerdert de Minister op, d'Noutwendegkeet vun der Videoiwwerwaachung am Quartier Brill an an Al Esch nach méi grëndlech ze iwwerpréiwen.
D'CCDH stellt d'Necessitéit an d'Proportionalitéit vun enger weiderer Videoiwwerwaachung an de Quartieren Brill an Al Esch a Fro.
© AFP

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun gesäit d'Installatioun vun zousätzleche Kameraen zu Esch kritesch a stellt d'Necessitéit an d'Proportionalitéit vun enger weiderer Videoiwwerwaachung an de Quartiere Brill an Al Esch a Fro. Dat geet aus hirem Avis ervir, deen um Dënschdeg publizéiert gouf.

PDF: Videoiwwerwaachung zu Esch - Avis vun der CCDH (13.10.26)

Si kritiséiert ënner anerem, datt déi gesetzlech Basis a verschidden Aspekter nach net kloer genuch ass, an datt et ze wéineg Informatiounen iwwer eng méiglech automatesch Detektioun vu Situatioune gëtt. Och d'Police-Statistike géifen net duergoen, fir d'Noutwendegkeet vun der Videoiwwerwaachung ze beleeën.

D'CCDH weist dobäi drop hin, datt d'Zuel vun de Strofdoten tëscht 2024 an 2025 ëm 17,2 Prozent zeréckgaangen ass, wat an der Analys selwer op d'Aféierung vun der lokaler Police zu Esch zeréckgefouert gëtt.

Donieft misst besser gekläert ginn, wéi nëtzlech d'Videoiwwerwaachung tatsächlech ass a wéi déi nei Zon mat der schonn existéierender Zon ronderëm d'Gare zesummespillt. D'CCDH fuerdert de Minister dofir op, d'Noutwendegkeet vun der Videoiwwerwaachung am Quartier Brill an an Al Esch nach méi grëndlech ze iwwerpréiwen.

Back to Top
CIM LOGO