
D'Rechter vun de Livreuren, déi fir Plattformen zu Lëtzebuerg schaffen, besser schützen: dat Zil hu sech den OGBL an d'Union des Livreurs du Luxembourg, kuerz ULL gesat. Dat wier immens wichteg, well déi aktuell Aarbechtsconditioune kéint een dacks mat moderner Sklaverei vergläichen.
D'Union des Livreurs du Luxembourg huet eng 200 Memberen, si gouf am Juni spontan gegrënnt, wéi d'Livreuren decidéiert haten, hir Aarbecht néierzeleeën.
12, 13 oder esouguer 14 Stonnen den Dag schaffen an deemno wéi méi wéi d'Hallschent vun de Suen, déi erakommen, dem Patron ginn. Dat géing kloer weisen, datt sech hei net un d'Aarbechtsrecht gehale gëtt. Méiglech wieren déi Zoustänn just, well d'Livreuren net fest ugestallt sinn, mee wéi Independante behandelt ginn. Den David Angel ass Zentralsekretär beim OGBL-Syndikat Services sociaux an erkläert, wéi eng Leit betraff sinn:
"An der ganz grousser Majoritéit sinn et Mënsche mat Migratiounshannergrond, déi nach net laang zu Lëtzebuerg sinn, déi duerch hire Statut, duerch hier Situatioun, net enger anerer regulärer Aarbecht als Salarié kënnen nogoen an déi deementspriechend drop ugewise sinn, op deem dote Wee Geld ze verdéngen, fir ze iwwerliewen, well vu méi kann een hei net schwätzen. Déi Leit ginn oft virun oder an de Flüchtlingsstrukture schonn ugeworben."
Et géing een dervun ausgoen, datt eng 2.000 Leit betraff sinn, woubäi et extrem schwéier wier, u genee Zuelen ze kommen. Dee ganze Marché géing un de wëlle Westen erënneren an dowéinst géingen d'Autoritéite sech och mat Kontrolle schwéier doen.
Bei der Pressekonferenz vum OGBL waren och dräi Vertrieder vun der Union des Livreurs du Luxembourg present. Si géingen d'Situatioun um Terrain besser wéi all anere kennen an dofir selwer vun hiren Erfarunge beriichten. Den Dhia El Gafsi huet erkläert, firwat ee bei hinne vu falschen Independante schwätze misst:
"Déjà on fait pas notre propre facturation, c'est pas nous qui choisit le trajet pour faire les commandes, c'est la plateforme qui choisit les trajets pour nous. Le temps d'attente aussi c'est pas nous qui choisit, on doit attendre jusqu'à ce que la commande soit prête. On a des heures indéfinies d'attente entre les commandes et c'est ça qui fait, que notre gain à la fin du mois est trop faible."
Den Aymen Alibi huet iwwerdeems de Fokus op déi gesondheetlech Risike geluecht, déi duerch d'Aarbechtskonditiounen entstoe kënnen.
"Wann ee vill Stonnen den Dag schafft, net genuch Pausen huet a permanent ënnert psycheschem Drock steet, geet d'Gefor vu Verkéiersaccidenter, physescher Erschöpfung a psycheschem Stress an d'Luucht. Vill Livreure melle sech net krank, well se soss hier eenzegt Akommes verléieren. Kee sollt gezwonge sinn, tëscht senger Gesondheet a sengem Akommes wielen ze mussen."
Um Enn vun der Pressekonferenz hunn den OGBL an d'ULL dann och nach een Accord de coopération et d'intégration ënnerschriwwen. D'ULL gëtt domadder Deel vum OGBL, si behält awer weider hier Autonomie, well net einfach iwwert de Livreuren hier Käpp ewech iwwert si geschwat soll ginn.