
Changement am Verwaltungsrot vun der Ouevre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. No 7 Joer mécht de Guy Dockendorf gären der nächster Generatioun Plaz. Esou steet et am Communiqué dësen Dënschdeg. De Guy Dockendorf hat de Beräich Mémoire & Patrimoine presidéiert an en huet säi Mandat op den 1. Oktober 2026 niddergeluecht.
Säin Nofollger ass den Gianni Mersch. Hie schafft als Chargé d’éducation am Jongelycée zu Esch a beschäftegt sech zanter Jore mat Jugendlechen, ënner anerem am Kader vum Uelzechtkanal. Dobäi verbënnt hie Bildung mat senger Erfarung am audiovisuelle Beräich.
E wichtege Schwéierpunkt vu sengem Engagement ass d’Erënnerungsaarbecht. Hie begleet reegelméisseg Jonker op Studie-Reesen op Erënnerungsplaze wéi Mauthausen. Donieft ass hie President vun der Amicale Mauthausen Luxembourg a stellvertriedende Member vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale.