Akerland4,5 Milliounen Euro un Ausfall-Entschiedungen un déi Betriber bezuelt, déi sech assuréiert haten

Roy Grotz
Frascht an Dréchent haten natierlech hir Auswierkungen op de Karschnatz an hunn och an d'Geld geschloen.
© RTL Archiv

Wéinst der Canicule goufen et op enge 500 Parzellen Akerkulture Schied vu Baueren, sou datt 4,5 Milliounen Euro un Ausfall-Entschiedungen un déi Betriber bezuelt goufen, déi sech assuréiert haten.

Fir d'Gréngland chiffréiere sech d'Dedommagementer wéinst Karschnatz-Ausfäll op 2,5 Milliounen Euro.

De Staat bedeelegt sech zu 65% un de Käschte vun den Ausfall-Assurancen, sou datt dëst eng Contributioun dëst Joer vu knapp 6 Milliounen Euro ausmécht, woubäi d'definitiv Ofrechnung vum Assureur nach net virläit.

Alles an allem huet manner wéi d'Hallschent vun de Bauerebetriber am Land eng Assurance fir d'Ausfäll ofgeschloss (eng 750), sou datt iwwer 48.000 Hektar Agrar-Fläch verséchert sinn.

Bei de Wënzer hunn eng 140 Betriber sou eng Assurance fir 870 Hektar Wéngerten - wat wäit iwwert d'Hallschent vun alle Wéngerten duerstellt.

Dës Zuele liwwert d'Agrarministesch Martine Hansen op den parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten Duo André Bauler a Luc Emering.

Back to Top
CIM LOGO