Samu zweemol am AsazZwee Motosaccidenter an ee Foussgänger ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien huet et op de Stroossen e puermol gerabbelt. De Samu koum zweemol an den Asaz, mellt de CGDIS.
En Dënschdeg de Moie war de Samu zweemol am Asaz.
© Laurent Weber

Géint 6:30 Auer sinn een Auto an ee Motorrad um CR169 tëscht Schëffleng a Féiz matenee kollidéiert. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert an de Samu war op der Plaz, dat nieft dem CIS Schëffleng an Esch an enger Ambulanz vun Esch.

Zu Bettenduerf op der Route de Diekirch huet et géint 7:25 Auer geknuppt, wou ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf. Eng Ambulanz aus der Nordstad war hei op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.

Zu Stroossen op der Route d'Arlon gouf et dann ëm 10:40 Auer eng weider Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motocyclist. Eng Ambulanz an ee Samu aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO