Klima-Agence2024 eng Rekordzuel un Ufroen, virop fir d'Photovoltaik

Anne Wolff
Duerch déi héich Energiepräisser rechent d'Klima-Agence dëst Joer mat engem Rekord, wat d'Ufroen ugeet.
Klima-Agence: 2024 eng Rekordzuel un Ufroen, virop fir d'Photovoltaik
Duerch déi héich Energiepräisser rechent d’Klima-Agence dëst Joer mat engem Rekord, wat d’Ufroen ugeet.

Elo scho wier een op 15.000 Interaktiounen, also Uriff a Berodunge sur Place zesummegerechent, huet et en Dënschdeg op enger Pressekonferenz vun der Klima-Agence geheescht.

Vill Ufroe bei der Klima-Agence

Besonnesch d’Photovoltaik géif d’Leit interesséieren. D’Hallschent vun den Appeller op der Hotline hätte sech dorëm gedréint. D’Sarah Juchems vun der Klima-Agence erzielt, et hätt am September e Boom vun Ufroe ginn. D’Regierung hat jo annoncéiert, dass d’Hëllefe fir Photovoltaik den éischten Oktober vun engem Plaffong vun 62,5 Prozent erofgesat ginn op 50 Prozent. Ma och lo wier d’Demande nach ëmmer do.

En général wier zu Lëtzebuerg nach vill Potential, och wat d’Renovatiounen ugeet. Bis lo hätt een och nach ni Leit gesot, et kéint ee guer näischt maachen.

De Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence, erkläert, et hätt een elo en neie Projet fir Co-Proprietéite lancéiert. Do géif d’Klima-Agence elo fënnef Co-Proprietéite sichen, déi hir Residence klimafrëndlech renovéiere wéilten. Si kréichen da mat bis zu 40.000 Euro fir eng Machbarkeetsetüd ënnert d’Äerm gegraff. Do géif et drëms goen, wat fir technesch Elementer wichteg sinn a wat d’Renovatiounspotential bei de Gebaier ass.

Och fir d’Locatairë bitt d’Agence Berodungen un. Wann een eng héich Energierechnung hätt, kéinten d’Beroder vun der Klima-Agence hëllefen, andeems ee sech ukuckt, wéi eng Apparater an der Wunneng getosch kéinte ginn. Dat, fir de Stroumverbrauch ze reduzéieren. Den Office Social kéint de Fall gesat och mat der Rechnung dofir hëllefen. Wat d’Renovatioun selwer ugeet, ass de Locataire awer vum Proprietär ofhängeg. Ma de Fenn Faber ënnersträicht, dass op europäeschem Niveau d’Energieklass vu Gebaier och ëmmer méi wichteg gëtt.

Back to Top
CIM LOGO