8.000 nei Anlagen2024 war e Rekordjoer fir d'Installatioun vu Sonnepanneauen

Jeannot Ries
8.000 nei Anlage goufen hei zu Lëtzebuerg installéiert. Dat ass ronn een Drëttel vun all den Anlagen, déi et bis ewell hei am Land gëtt.
2024 war e Rekordjoer fir d'Installatioun vu Sonnepanneauen
8.000 nei Anlage goufen hei zu Lëtzebuerg installéiert. Dat ass ronn een Drëttel vun all den Anlagen, déi et bis ewell hei am Land gëtt.

99% vun de Leit mat enger Anlag entscheede sech dofir, Stroum fir den eegene Verbrauch ze produzéieren.

Dat heescht, si produzéiere virop Elektresch, wat se dann och selwer am Alldag verbrauchen. Richteg interessant gëtt d’Installatioun wann een eng Wäermepompel oder och en Elektroauto driwwer lafe léisst. Den Iwwerschoss, gëtt un ee vun de Fournisseure verkaf. Stroum, deen dann an d’Netz agespeist gëtt.

“De Choix ass eigentlech sou, datt ee sech muss iwwerleeën, wéi vill kann een Eegeverbrauch maachen? A wann een an engem Fall ass, wou ee seet, vun der Gréisst vun der Anlag hier a vun dem Verbrauch, deen een doheem huet, datt et Sënn mécht, da soll een natierlech fir de Subsid goen. A wann een elo zum Beispill e ganz groussen Daach huet, da soll ee sech iwwerleeën, ob een net vläicht fir den Tarif geet, wou een och däerf Eegeverbrauch maachen, mee wou een dann awer e bësse méi fir dee Stroum kritt, deen een dann an d’Netz speist. Mee mir gesinn awer wierklech, datt am Moment 99% vun den Anlagen op de Subsid ginn, well se ebe wëlle Stroumeegeverbrauch maachen an hir Stroumrechnung wëllen e bëssen erofsetzen”, sou de Georges Reding vum Service Erneierbar Energien am Wirtschaftsministère.

Wie sech fir de festen Tarif entscheet, dee kritt 15 Cent de kWh, awer nëmmen 20% Primm op d’Investissement. Den Ament nach.

De Georges Reding vum Ministère erkläert: “Et kritt ee 15 Joer laang deen Tarif Fix. Deen ass da konstant. Da kann ee genee ausrechnen, wéi vill datt ee fir seng Anlag investéiert huet, datt een natierlech dee Stroum, deen een dann un d’Netz weidergëtt, datt dat sech rechent. Dat anert ass, wann ee fir de Subsid geet, dee 50% Prozent jo am Moment ass, da muss ee kucken, sou vill wéi méiglech Eegeverbrauch ze maachen an da kritt ee manner, fir dat wat een an d’Netz gëtt. An dat variéiert eebe mam Maartpräis. Dat heescht, dee Stroum verkeeft een un ee Fournisseur an do ginn et der méi, déi deen ofhuelen an deen ass natierlech dann net esou vill wäert, well zu den Zäiten, wou vill Sonn ass, och de Maartpräis méi niddreg ass.”

De Maartpräis variéiert den Ament tëscht 3 - 4 Cent de kWh am Summer, an 11 Cent am Wanter.

E Referenzpräis. Déi 8 verschidde Fournisseuren, un déi een de Stroum hei am Land verkafe kann, kënnen de Präis zu deem si Stroum ofkafen, fräi festleeën. Interessant ass och ze wëssen, dat ee säi Stroum net un de selwechte Fournisseur verkafe muss, wéi deen, deen de Stroum un d’Haus liwwert. Do läit de Präis den Ament ëm déi 28 Cent de kWh.

Wie sech am Detail informéiere wëll, dee ka bei der Klima-Agence gratis, eenzel berode loossen.

Back to Top
CIM LOGO