
Fir d’Joer 2025 goufe vun der Police 92 Fäll am Zesummenhang mat Déifstall mat Gewalt registréiert, dovun 80 Fäll als Fait accompli an 12 Fäll als Versuch. Dës Zuele sinn nach net definitiv a kënnen nach variéieren, bis déi polizeilech Prozeduren ofgeschloss sinn.
Déi definitiv Statistike ginn am Aktivitéite-Rapport vun der Police publizéiert, deen am Abrëll erauskënnt. Dat äntweren d’Ministere Gloden a Margue op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten, an där et eigentlech ëm d’Fäll vu Messerattacken an de leschten 12 Méint goung.
Eng automatiséiert Recherche an den Datebanke vun der Police, déi sech spezifesch op Aggressioune mat Messeren oder anere Stéchwaffe bezitt, wier awer net méiglech. An de Police-Datebanke ginn d’Kategorien “Déifstall” an “Déifstallversich mat Gewalt a Waffen op ëffentlecher Strooss” gefouert. Dat entsprécht och de Kategorien aus dem Code Pénal.