D'Police melltDirekt e puer Abréch uechter d'Land an de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Der Police goufen an de leschte Stonnen Abréch zu Iechternach an zu Beggen gemellt.
© RTL-Archiv

Esou zum Beispill e Mëttwoch géint d’Mëttesstonn, wou an enger Wunneng an engem Appartementshaus an der Rue Thoull ze Iechternach agebrach gouf. Éischten Informatiounen no hunn déi bis elo nach onbekannt Täter sech Zougang zu der Wunneng verschaaft an do alles op d’Kopp geheit, fir ënner anerem Boergeld ze fannen. Si hu sech doropshin duerch d’Bascht gemaach.

Ee weideren Abroch gouf et e Mëttwoch den Owend an der Rue de la Cimenterie zu Beggen. Och hei gouf an eng Wunneng an engem Appartementshaus agebrach. Hei konnt den onbekannten Täter warscheinlech iwwer eng ageschloe Fënster an d’Wunneng kommen. Beim Duerchsichen huet de Kriminellen ënnert anerem Bijoue fonnt a matgeholl.

A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen. Wat ee preventiv géint Abréch ka maachen, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.

Back to Top
CIM LOGO