
Bei enger Verkéierskontroll tëscht Hënsdref a Mëlleref ass e Mëttwoch am Nomëtteg géint 16 Auer ee Won opgefall, aus deem et nawell staark no Cannabis gericht huet. De Chauffer huet dann och kloer Unzeeche gewisen, Cannabis konsuméiert ze hunn. Doriwwer eraus hunn him Pabeiere fir den Auto gefeelt. Well den Drogentest op der Plaz ee positiivt Resultat gewisen huet, gouf de Fürerschäin agezunn an den Auto gouf vun den Autoritéite saiséiert. E Protokoll gouf erstallt.
E Mëttwoch den Owend gouf eng Policepatrull an der Géigend vu Gilsdref dann och nach op ee Won opmierksam, dee mat enger zolitter Vitess un hinne laanschtgejauft ass. D’Beamten hunn doropshin eng Course-poursuite lancéiert a konnten den Auto op der Héicht vum Gilsdrefer Futtballsstadion stoppen a kontrolléieren. Och hei waren Drogen am Spill an de Chauffer krut ee provisoresche Fuerverbuet.
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf der Police dann nach een Auto an der Rue de la Reconnaissance zu Nidderkäerjeng gemellt, an deem de Chauffer mam lafende Motor souz a warscheinlech geschlof huet. D’Beamten hunn den Automobilist méi spéit ugetraff a kontrolléiert - een Alkoholtest ass och hei positiv verlaf. Och hie krut säi Fürerschäi saiséiert.
E bësse méi spéit war dann och nach ee Läppchen an der Stad fort, nodeems ee Chauffer den Auto vun enger Policepatrull fir d’éischt mat héijer Vitess iwwerholl huet, an du virun hirer Nues a Schlaangelinne ronderëmgefuer ass. De Beamten hunn dem Spill séier en Enn gemaach an de Chauffer kontrolléiert. Och hien hat ze vill Gedronk a krut de Fürerschäi agezunn an och hie krut säin Fürerschäin ofgeholl.