
Wien de Moment duerch Reisduerf fiert, deem fält vläicht ee gréissere Chantier tëscht deenen zwee Campinger um Bord vun der Sauer op. Hei gëtt awer weder déi touristesch Offer erweidert nach geet et ëm Héichwaasserschutz, mä et gëtt ee sougenannt Reeniwwerlafbecken mat enger integréierter Pompelstatioun fir Mëschwaasser gebaut. Déi Bauwierker si wichteg fir den Traitement vum Ofwaasser a si wäerten an Zukunft nach méi musse leeschten.
220 Kubikmeter Volume huet de Becken, fir dee 400 Kubikmeter Stolbeton verbaut ginn. Fir d’Baugrouf, déi bis zu 9 Meter déif ass, ofzesécheren, gi Bëtongszill an de Buedem gebuert. Well eng Pompelstatioun an de Projet integréiert ass, kann déi al Pompelstatioun direkt niewendrun ausser Betrib geholl ginn.
De Käschtepunkt läit bei iwwert 5,5 Milliounen Euro an d’Bauzäit geet vun Oktober 2025 bis den November 2027. Datt d’Aarbechten esou laang daueren, läit awer och dorunner, datt Pause gemaach ginn, fir de Fonctionnement vun de Campinger wärend der Haapttouristesaison net ze vill ze impaktéieren.
Esou ee Reeniwwerlafbecken ass néideg, well zu Reisduerf, wéi a villen anere Gemengen zu Lëtzebuerg och, am Mëschsystem entwässert gëtt, dat heescht, d’Schmotzwaasser, dat aus den Haiser kënnt an d’Reewaasser lafen duerch dat selwecht Rouer. An dee System kann alt emol ënnert Drock geroden, wéi de Roland Schaack, Direkter vum Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord, kuerz SIDEN, erkläert.
“Wann et länger net gereent huet an et fänkt mat engem Stuerzreen un, datt mer sougenannte Spullstouss kréien, deen da massiv Fäkalen, déi sech am Kanalnetz ofgelagert hunn, a Richtung vun der Kläranlag transportéiert. Fir déi opzefänken, well déi grouss Quantitéit vun der Kläranlag net an enger Kéier kann traitéiert ginn, ginn da sougenannt Reeniwwerlafbecken op strategesche Plaze gebaut.”
Aktuell bedreift de SIDEN eng 200 där Becken queesch uechter den Norden, wat 1.100 Quadratkilometer entsprécht. 30 sinn der elo nach an der Planung, sou datt een also nach e bëssi Aarbecht viru sech huet.“Mir sinn um Enn vun der Phase de mise en conformité, wéi mir dat nennen, do gouf et eng grouss Well, an den 90er-Joren ass déi lassgetrëppelt ginn, déi huet sech ebe bis haut gezunn, wou mer all déi Gemengen am Mëschsystem a Konformitéit setzen. A mir rechnen nach mat ongeféier fënnef bis zéng Joer, bis mer all déi Bauwierker ëmgesat hunn.”
Dat heescht awer net, datt et domadder gedoe wier, well dono fänkt schonn direkt déi nächste Phas un. An déi besteet doranner, déi véiert Rengegungsstuf en place ze setzen. Beim SIDEN rechent ee mat Käschte vun 200 bis 250 Milliounen Euro, vun deenen de Staat awer ee groussen Deel iwwerhuele wäert. Trotzdeem wäert ee beim SIDEN a Saache Finanzéierung op een neie Wee goen.
“Mir wäerten déi dote Stufe solidaresch finanzéieren, dat heescht, och déi Gemengen, déi lo keng véiert Rengegungsstuf op hir Kläranlag kréien, hëllefen deene Gemengen, déi eng brauchen oder eng mussen hunn, déi ze finanzéieren. Dat ass een Novum, fréier huet all Gemeng hiert Bauwierk finanzéiert, dat hei war awer lo wichteg, well déi véiert Rengegungsstuf jo eigentlech verhënnert, datt mer Mikropollutiounen an d’Gewässer kréien an d’Gewässer leeft quasi duerch all Uertschaft, datt een do eng Solidaritéit entwéckelt.”
Ob eng Kläranlag déi véiert Rengegungsstuf braucht, hänkt dovunner of, wéi sensibel d’Gewässer an hirem Anzuchsgebitt sinn. Normalerweis si Gewässer méi belaascht, wann eng Uertschaft eng Industriezon oder eng Klinik huet. Ma onofhängeg dovu wieren awer och vill kleng Baache staark belaascht, zum Beispill doduerch, datt Medikamenter duerch d’ambulant Behandlung vun de Leit an d’Ofwaasser kommen.
Och wa Reeniwwerlafbecken näischt mat Héichwaasserschutz ze doen hunn, ass de SIDEN awer op d’mannst indirekt an deem Beräich aktiv. Den Ofwaassersyndikat hëlleft nämlech plazeweis beim Bedreiwe vun Héichwaasserpompelstatiounen, déi d’Kanalisatioun am Fall vun Héichwaasser eidel maachen. Dat zum Beispill zu Dikrech an zu Ettelbréck.