GesondheetsministèreGrippefäll ginn am Land liicht zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet de Rapport vun der Woch vum 2. bis den 8. Februar publizéiert.
© AFP (Archiv)

Et gi weiderhin relativ vill Fäll vun der Gripp am Land diagnostizéiert, schreift d’Santé an hirem Wochebilan iwwert d’Fäll vun Otemweeerkrankungen.

544 registréiert Fäll waren et tëscht dem 2. an dem 8. Februar an domadder knapps 100 manner wéi nach d’Woch virdrun, awer eben nach ëmmer relativ vill. D’Santé widderhëlt an deem Kader, dass ee sech weiderhi kann impfe loossen, prioritär fir Leit iwwer 65 Joer.

Wat den RSV-Virus ugeet, gouf et 89 Fäll, weiderhin an der Haaptsaach bei Kanner ënner 10 Joer. Ausserdeem goufen 73 Covid-Infektioune confirméiert. D’Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser géif nees liicht klammen.

Back to Top
CIM LOGO