Wolz22 Joer ale Chauffer gëtt no Course-poursuite festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De jonke Mann hat direkt géint eng Rei Reegele verstouss, esou datt hien en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter koum.
© RTL-Archiv

E Méindeg den Owend huet zu Wolz ee Chauffer probéiert, mat héijer Vitess laanscht eng Policekontroll ze kommen. No enger kuerzer Course-poursuite konnt eng Patrull den 22 Joer ale Mann awer stoppen. Bei der Kontroll koum eraus, datt et géint de jonke Mann schonn ee Fuerverbuet gouf - hien hätt dohier net dierfen hannert dem Steier sëtzen.

Wéi d’Police sech den Auto méi genee ugekuckt huet, hunn d’Beamten dunn och nach e bëssen Haschisch am Mann sengem Won fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. En Dënschdeg de Moien huet den Untersuchungsriichter dunn decidéiert, Haftbefeel géint de Mann ze erloossen.

Back to Top
CIM LOGO